mojoreads
Community
Mondelia

Mondelia

!
0 Bewertungen
!Hardcover
!
lesen will
!
lese ich
!
gelesen
!
INFO
!
MOJOS
!
REZENSIONEN
ZUSAMMENFASSUNG
A "Mondelia" weist den Auteur Jhemp Hoscheit, dee scho mat méi wéi engem Literaturpräis ausgezeechent gouf, fir d'éischte Kéier säin Talent als Kriminalschrëftsteller, an dat mat engem Roman, deen net nëmme wéinst senger Protagonistin iwwerrascht. Bei der Titelheldin "Mondelia", déi am Jhemp Hoscheit sengem neie Buch hir detektivesch Fähegkeeten ënner Bewäis stellt, handelt et sech nämlech erstaunlecherweis ëm - eng Dëppeplanz. Kuerz nodeems d'Marie Delken beim Här Grimmler op Besuch war, gëtt hatt entfouert. D'Kidnapper froe Léisegeld vum Marie sengem Papp, dem Chef d'Agence vun der Luxbank. Fir d'Liewe vu sengem Meedchen net op d'Spill ze setzen, weess den Här Delken net, wat besser ass: D'Polizei aweien oder op d'eege Fauscht handelen an d'Léisegeld op där Plaz ofginn, déi e gesot krut? Den Här Grimmler, dee verdächtegt gëtt, mat de Kidnapper ënnert enger Decken ze stiechen, ass e grousse Planzefrënd a verbréngt seng Fräizäit domadder, sengen Zëmmerplanzen hir Wuesstemsreaktiounen ze moossen. Eng vu senge Planzen, d'Mondelia, huet aussergewéinlech Fähegkeeten. Nodeems se Zeie vun der Entféierung gouf, weist se staark physiologesch Reaktiounen. Et schéngt, wéi wann d'Mondelia op eng ganz besonnesch "planzlech" Manéier bei der Sichaktion hëllefen an sech lues a lues als intelligent Detektivin erausstelle kéint. Si déi "botanesch" Nofuerschunge méi erfollegräich wéi déi kriminalistesch Enquête? Kann d'Mondelia mat hirem detektivesche Flair op d'Spur vu den Kidnapper kommen? De Fall kritt Dimensiounen, wéi een sech s'an engem gewéinleche Krimi bis zum Schluss net erwaart hätt.
BIOGRAFIE
Keine Angaben verfügbar

PRODUKTDETAILS

Erscheinungsdatum
20.06.2019
Ausgabe
Hardcover
ISBN
9782879542362
Sprache
Luxembourgish; Letzeburgesch
Seiten
350
Schlagworte
MOJOS
!
Hat dieses Buch Mojo?
Dann lass uns wissen, warum wir es lesen sollten!
REZENSIONEN
!
Schreib die 1. Rezension!
So eine Chance bekommst Du nie wieder ;)
Deutsch
  
Englisch
mojoreads Instamojoreads Twittermojoreads Facebook